20. Joresdag "Table de Solidartié" an der Abtei Neimënster

© Chris Meisch / RTL
Den nächste Freideg ass d'"Journée mondiale du Refus de la Misère", déi zanter 1987 all Joer de 17. Oktober gefeiert gëtt.
Den Dag geet op d'Initiativ vum Joseph Wresinski zeréck, dee mam Saz "Là où des hommes et femmes sont condamnés à vivre dans l’extrême pauvreté, les droits de l’homme sont violés" eng international Beweegung géint Ongerechtegkeet ausgeléist huet.
En Dag, deen och vun der Mënscherechtsbeweegung "ATD Quart Monde" zelebréiert gëtt. Eng ONG, déi sech och hei am Land zanter Jore fir Leit, déi an Aarmut liewen, asetzt. Zu Lëtzebuerg huet dësen Engagement mat der "Table de Solidarité", déi zanter 2005 am Haff vum Centre Neimënster steet, säi fest Symbol:
"Aarmut ze iwwerwannen, ass keen Akt vun Nächsteléift, mä en Akt vu Gerechtegkeet", huet den Nelson Mandela gesot. Eng Iwwerzeegung, déi den "ATD Quart Monde" zanter Joerzéngten op der ganzer Welt deelt. 1992 huet d'UNO de 17. Oktober offiziell als Weltdag géint d'Aarmut unerkannt. "Et ass een Dag, op deem mir eisen Engagement an eis Iwwerzeegung, dass een zesummen eppes kann änneren, no baussen droen", esou de Carlo Kieffer, Coordinateur beim ATD Lëtzebuerg.
"Mir maache jo ganz vill Aarbecht no bannen, wou mir vill op eis Leit lauschteren. Temoignagë kréien, an dass mir déi Temoignagen och no bausse kréien ass eis wichteg, an dat kënne mir unhand vu sou engem Fest all Joer maachen, well do steet den Temoignage eeben am Vierdergrond."
Och wa Lëtzebuerg zu de räichste Länner op der Welt zielt, gëtt et och hei am Land vill Misär, deen a priori net onbedéngt eppes mat Aarmut ze dinn huet. Misär ass eng Situatioun, an där et engem schlecht geet, Aarmut ass e Liewenszoustand, an deem ee muss liewen, seet d’Valérie Dell’Angela, Gestionnaire de Projet bei ATD Lëtzebuerg:
"Aarmut ass ee Kampf ouni Enn, an dëse Kampf mécht déi Leit krank. Dat heescht, souwuel psychesch wéi och physesch. d'Leit isoléiere sech ëmmer méi a leiden dacks ënnert hirem Selbstwäertgefill. Wéi eng Madamm och gesot huet, eng vun eise Militanten: Et gëtt kee Mënsch, deen näischt kann, an all Mënsch kann der Gesellschaft eppes bäidroen."
De Mouvement gëtt et zanter 1981 och zu Lëtzebuerg. 20 Joer ass et elo hier, dass d'"Table de Solidarité" an der Abtei Neimënster hir Plaz krut. Fir dësen Anniversaire an d'"Journée mondiale du Refus de la Misère" sinn och de Familljeminister Max Hahn an de Kulturminister Eric Thill dobäi.