Alkohol um Steier
Zwee Chauffere si wéinst hirem Fuerstil opgefall

© RTL Archiv
Kuerz no 19 Auer e Samschdegowend krut d'Police e Gefier gemellt, dat am Zickzack géif iwwer d'A7 an Direktioun Luerenzweiler fueren.
Eng Patrull vun der Police konnt d'Gefier kuerz drop stoppen. D'Fuererin huet däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen. Den Alkoholtest war positiv an d'Beamten hunn de Fürerschäi vun der Fra agezunn.
Méi spéit um Samschdegowend gouf dann e Chauffer gemellt, deen an der Lëtzebuerger Strooss zu Schieren wéinst sengem Fuerstil opgefall ass. Och hei huet eng Patrull de Mann ugehalen a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv, sou dass e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt gouf.
Am meeschte gelies