Kuriéise Policeasaz an der Stad
Eng See als Waff bei enger Kläpperei? Jo och dat gëtt et
© Odilon Dimier / AltoPress / PhotoAlto via AFP
En Donneschdeg gouf d'Police kuerz no 23 Auer wéinst enger Kläpperei op der Place de Paris am Stater Garer Quartier an den Asaz geruff.
Et sinn direkt e puer Policepatrullen op d'Plaz gefuer an hunn hei och nach déi gemellte Persounen ugetraff. Éischten Informatiounen no koum et zu enger physescher Ausernanersetzung, bei där ee vun de Bedeelegte soll eng See dobäi gehat hunn. De Mann gouf mat op de Policebüro geholl a seng See gouf him ofgeholl.
Am meeschte gelies