Fenteng an Duelem
Police mellt Abréch um Donneschdeg am Nomëtteg, respektiv owes
Och um Freideg de Moie mellt d'Police nees eng Partie Abréch aus de vergaangene Stonnen a gräift zwee Tëschefäll zu Fenteng an zu Duelem eraus.
En Donneschdeg am Nomëtteg hunn Onéierlecher an en Eefamilljenhaus an der Rue de Bettemboug zu Fenteng agebrach. Ob eppes geklaut gouf, gëtt net vun der Police preziséiert, just dass d'Abriecher an d'Haus komm sinn an do alles duerchwullt hunn.
E weideren Abroch an en Haus gouf et owes an der Waldbriedemerstrooss zu Duelem. Hei war de Wee an d'Wunneng wuel via eng Fënster geschitt, esou d'Police. Éischten Informatiounen no wieren hei Bijoue geklaut ginn.
A béide Fäll leeft d'Enquête.
Am meeschte gelies