Den Immigratiounsministère gëtt sech en neit Konzept, fir méi Leit dozou ze beweegen an hir Heemecht zeréckzegoen.

Maison de Retour / Reportage: Maxime Gillen

Wärend d'Leit bis ewell eréischt mat der Optioun vum fräiwëllege Retour konfrontéiert goufen, wann hir Asyldemande definitiv refuséiert gouf, soll dat an Zukunft scho vun Ufank u geschéien, esou den Inneminister Léon Gloden.

Concernéiert si Leit, déi international Protektioun hei am Land refuséiert kruten oder bei deenen d'Prozedur dofir nach leeft. Dat selwecht gëllt fir Leit, déi hei am Land ouni Openthaltserlabnis liewen. Och hinne gëtt gehollef, wa si wëllen zeréck an hiert Heemechtsland.

Fir Leit, déi hei am Land keen Asyl accordéiert kruten, war d'Optioun vun engem fräiwëllege Retour an hir Heemecht bis ewell dacks eng immens negativ, fënnt de Minister weider. Ee vun de Grënn dofir, wier datt dës Méiglechkeet eréischt ugeschwat gouf, wann d'Asyldemande bis definitiv refuséiert gouf. An do setzt dat neit Konzept un, dat de Minister e Freideg presentéiert huet. Wann eng Persoun hei am Land ukënnt, soll si direkt mat zwou Prozedure konfrontéiert ginn.

"An da gëtt en direkt op déi Asyl-Schinn begleet an zäitgläich vun engem anere Beamten op der Schinn vum fräiwëllege Retour. E kritt erkläert, wat dat heescht, wéi dat ofleeft, wat fir eng Hëllef e ka kréien a wéi e kann encadréiert ginn an deem Land, wou déi Persoun kann zréckgoen."

Doduerch erhofft ee sech, datt méi Leit op dee Wee ginn.

RTL

© Maxime Gillen

D'Prozedur fir e fräiwëllege Retour an déi vun der Asyldemande sollen dann och komplett vunenee getrennt ginn. Deemno ginn et elo 6 Beamten, déi sech exklusiv ëm den Encadrement vu Leit këmmeren, déi sech fir e fräiwëllege Retour decidéieren oder och nëmmen doriwwer nodenken. D'Zil wier et nämlech, datt déi concernéiert Persounen zu all Ament wësse, wat hir Rechter a Flichten an där enger an där aner Prozedur sinn, erkläert de Léon Gloden.

Béid Prozedure sollen och raimlech getrennt ginn, esou datt déi concernéiert Leit manner zécken, fir sech iwwerhaapt emol iwwert d'Méiglechkeet vun engem fräiwëllege Retour z'informéieren.

Iert d'Leit dann an hir Heemecht oder en anert séchert Land zeréckginn, gëtt mat hinnen e Plang ausgeschafft, wéi si do erëm kënne Fouss faassen. De Léon Gloden betount: "Déi Leit musse jo eng reell Perspektiv kréien. Et kann net sinn, datt mir ee probéiere volontaire zeréckzekréien, hie kënnt a sengem Land un an da steet hien erëm do, wéi deemools wéi e fortgaangen ass. Dat ass net déi Politik, déi mir wëllen. Déi Leit musse gehollef kréien, datt se wierklech kënnen e Liewen erëm do opbauen".

Derbäi kënnt e finanziellen Ureiz vu maximal 6.000 Euro, déi ee jee no familiärer Situatioun ka kréien, wann ee bannent de festgeluechten Delaien zeréckgeet. Nom Refus vun der Asyldemande, hunn d'Leit 30 Deeg Zäit fir aus der Flüchtlingsstruktur erauszeplënneren.

"Wann een innerhalb vun deenen 30 Deeg geet, da kann een tëscht 3.900 a 6.000 Euro kréien. Wann dat elo méi laang dauert, da ginn déi Montante le cas échéant ugepasst. Dat hänkt natierlech och vum Status of. Ass ee Single, huet een eng Famill, ass een eng Koppel? A fir vulnerabel Leit kënnt en zousätzleche Betrag derbäi."

Bei der Preparatioun vun der Liewenssituatioun am Heemechtsland schafft Lëtzebuerg mat der Weltmigratiounsorganisatioun an dem Reintegratiounsprogramm vu Frontex zesummen.

Zejoert sinn 274 Persoune fräiwëlleg a 54 verschidde Länner zeréckgaangen. Dëst Joer waren et bis Enn September schonn 200 Persounen aus 45 verschiddene Länner, déi dës Optioun gewielt hunn. 83 Leit hunn allerdéngs och scho musse forcéiert ginn. 2024 gouf et eppes méi wéi 100 forcéiert Retouren.

D'lescht Joer hunn eppes méi wéi 1.000 Leit de Statut hei am Land accordéiert kritt. Eng 500 dogéint goufe refuséiert. Dës Zuele sinn iwwert déi lescht puer Joer relativ stabil bliwwen.