De Mann, dee bei enger Policekontroll eng Rei Drogebulle bei sech hat, war fir eng weider Ënnersichung an de Scanner vum Spidol geschéckt ginn.

En Donneschdeg den Owend huet um Boulevard de la Pétrusse am Garer Quartier eng Persoun ouni Succès probéiert, sech enger Kontroll vun der Police ze entzéien. Wéi de Mann kuerz drop konnt gestallt ginn, goufe bei him eng Rei Drogebulle fonnt a saiséiert. Duerno gouf hien och nach an de Scanner vum Spidol bruecht, wou bei enger weider Ënnersichung e puer Friemkierper am Kierper vun der Persoun fonnt goufen. Op Uerder vum Parquet gouf hien doropshi festgeholl an e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Mam Messer am Bus menacéiert

En Donneschdeg den Owend war et dann nach zu engem Virfall an engem Bus zu Keel komm, deen ënnerwee Richtung Esch-Uelzecht war. D'Affer soll mat engem Messer menacéiert an opgefuerdert gi sinn, de Portmonni aus der Posch erauszeginn. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.

Internationale Mandat d'arrêt ausgefouert

Am Garer Quartier an der Rue Adolphe Fischer hate Beamte vun der Police e Mëttwoch eng Persounekontroll duerchgefouert. Dobäi hu si festgestallt, datt géint eng Persoun en internationalen Haftbefeel virlouch. De Parquet huet doropshin eng Festnam ordonéiert. Firwat géint de Mann e Mandat d'arrêt virlouch, gëtt am Bulletin vun der Police net preziséiert.