E Freideg huet d'Police tëscht 6.20 Auer an 8 Auer eng Vitesskontroll op der N11 tëscht dem Méchelshaff a Bech respektiv a Richtung Bech gemaach.

Fënnef Chaufferen hunn déi erlaabt Vitess vun 90 km/h ëm iwwer 20 km/h iwwerrschratt. Si kruten e Protokoll vun 145 Euro a sinn zwee Punkte lass. An 12 Fäll gouf déi erlaabt Vitess ëm maximal 20 km/h iwwerschratt. Si hu missen 49 Euro bezuelen.

Eng Persoun huet missen 145 Euro bezuelen a krut zwee Punkten ofgeholl, well Ännerungen um Gefier net an de Pabeieren agedroe waren. A véier Fäll krute Chauffere wéinst Mängel un der Beliichtung e Protokoll. An zwee Chaufferen hu missen eng Strof bezuelen, well hir Pabeieren net an der Rei waren.

Bei der Kontroll ware 27 Beamten vu verschiddene Policeunitéiten am Asaz.