Am Wëlzer Gemengerot waren d'Käschte vum Trounwiessel e Freideg ee Sujet.

Knapp 175.000 Euro huet d'Nordgemeng fir den Accueil vun der groussherzoglecher Koppel an deenen zwee klenge Prënzen ausginn. Déi zwee gréisste Käschtepunkte waren d'Volleksfest an der Groussgaass mat ronn 51.000 Euro an de Concert vun der belscher Sängerin Selah Sue mat ronn 49.000 Euro.

Da war et och nach d'Annonce, datt d'Nappe vun deem laangen Dësch, deen an der Groussgaass opgeriicht gouf, d'Telleren, déi d'Leit net mat heem geholl hunn, an d'Prabbelien, déi nach iwwreg sinn, op de Chrëschtmäert zu Wolz, zu Diddeleng an an der Stad verkaaft wäerte ginn. Den Erléiss wäert da fir ee gudden Zweck gespent ginn.