303 Milliounen Euro ass de Budget vum Staatsministère fir d'nächst Joer. Dat gouf e Méindeg vun der Institutiounekommissioun an der Chamber annoncéiert.

Besonnesch un deem Budgetsposten, dee rezent vum Premier Luc Frieden an der Chamber kommentéiert gouf, ass, datt verschidde Budgete vun aneren Institutiounen an deem Budget mat abegraff sinn. Dozou zielen de Fonctionnement vun der Chamber mat 87 Milliounen Euro, dem Staatsrot, de konventionéierte reliéise Communautéite mat 24 Milliounen, dem HCPN oder och der Maison du Grand Duc.
 
D'Deputéiert hunn ënner anerem nogefrot, firwat bei der Maison du Grand Duc mat engem Budget vun 20 Milliounen Euro sech d'Fraise fir Avise vun Experte op 206.000 Euro méi wéi verdräifache soll. Wéi et an den Explikatioune geheescht huet, sollen domat Etuden iwwert d'Energieeffizienz vun de Sitte vum Haff, also zu Colmer-Bierg, Fëschbech oder och dem Palais realiséiert ginn.
 
Eng aner Fro war déi, op de staatleche Presse- an Informatiounszerwiss mat engem Budget vu 5,7 Milliounen an Zukunft soll eng méi grouss Roll an der Kommunikatioun vun den eenzele Ministèren iwwerhuelen. "Nee" äntwert de Luc Frieden, dem SIP seng Chargë wäerten net änneren an d'Ministèrë bleiwen onofhängeg an der Fassong, wéi d'Kommunikatioun geschitt.