D'Zil vun de Bipartitten ass, dass zum Schluss "e Resultat" erauskënnt
Dat sot den Aarbechtsminister Georges Mischo en Dënschdeg den Deputéierten an der parlamentarescher Aarbechtskommissioun.
"Dat grousst Zil ass, dass mer zum Schluss vun alleguerten de Verhandlungen, e Resultat hunn." Dat sot den Aarbechtsminister Georges Mischo en Dënschdeg den Deputéierten an der parlamentarescher Kommissioun vum Travail, wéi et op Demande vun der LSAP ëm d’Bipartitten gaangen ass, déi d’Regierung jo mat Gewerkschaften an dem Patronat aktuell féiert.
Eng Reunioun gouf et bis ewell. Eng zweet Entrevue wäert och nach dëst Joer sinn, zwou weiderer dann Ufank 2026. Vill Detailer iwwert dat wat beschwat gouf, oder wéi d’Positiounen vun der Regierung zu de jeeweilege Sujeten ausgesinn, huet de Minister e Mëttwoch net genannt.
Et wieren awer konstruktiv Gespréicher bis ewell gewiescht, an an den nächste Reuniounen géif d’Regierung och hir Pisten virstellen, wéi si sech virstellt, dass een beispillsweis a Saachen Aarbechtsorganisatioun weiderkënnt. E Resultat sollt idealerweis um Enn e Kompromëss sinn, mat deem déi 3 Säiten zefridde sinn, huet de Georges Mischo verséchert.