De Clément Schwebig gëtt neie CEO vum RTL-Group
De Clément Schwebig, vu Mee 2026 un CEO vum RTL Group.
Domadder gëtt den Thomas Rabe säi Posten als CEO vum RTL Group 2026 of. Säi Posten als CEO bei Bertelsmann gëtt iwwerdeems vum Thomas Coesfeld iwwerholl.
Wéi et am Schreiwes vum RTL Group heescht, hätt de Verwaltungsrot vum Group d'Decisioun geholl, fir de Clément Schwebig op dëse Posten ze setzen. Momentan ass de Schwebig nach President a Managing Director fir Westeuropa an Afrika bei Warner Bros. Discovery. Domadder iwwerhëlt hien am Mee 2026 d'Tâche vum Thomas Rabe.
Och den Elmar Heggen wäert säi Posten als stellvertriedende CEO a COO bis Enn 2025 néierleeën, wäert awer weider am Verwaltungsrot vum Group bleiwen. De Björn Bauer, Chef vun der Finanzverwaltung beim RTL Group, wäert dogéint weiderhin op sengem Poste bleiwen.
Zäitgläich huet "Bertelsmann" matgedeelt, dass den Thomas Rabe och hei säi Posten als CEO wäert opginn, dat awer eréischt op den 31. Dezember 2026. D'Relève wäert, den 1. Januar 2027, den Thomas Coesfeld iwwerhuelen.