"Aarmut ass kee Schicksal, mee eng Ongerechtegkeet!", esou huet d'LSAP-Fraktioun eng Pressekonferenz um Donneschdegmoien iwwerschriwwen.

LSAP presentéiert Mesurë géint d'Aarmut / Reportage Marc Hoscheid

Et wier alarmant, datt an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg ronn 18 Prozent vun der Populatioun vun Aarmut betraff wieren an och Aarbecht net onbedéngt virun engem Ofrëtschen an d'Prekaritéit schützt, esou d'LSAP-Fraktioun. Dobäi géing et duerchaus Méiglechkeete ginn, fir d'Gesellschaft méi gerecht ze maachen.

Virop misst ee sech déi néideg finanziell Mëttel fir de Kampf géint d'Aarmut ginn. Datt Suen do wieren, géing d'Hausse vun den Depensë fir d'Verdeedegung weisen. A wann net genuch Suen do wieren, misst de Staat sech déi eben duerch eng méi gerecht Ëmverdeelung huelen.

Wat konkret Mesure géint d'Aarmut ugeet, fuerdert d'LSAP am Beräich Logement ënnert anerem eng verflichtend Quot vun op mannst 20 Prozent fir abordabelt Wunnen an de Gemengen. Dann ass et och d'Fuerderung no enger direkter Hausse vum Mindestloun ëm 100 Euro netto. Dono sollt en da progressiv op 60 Prozent vum Median-Loun eropgoen, wat beim onqualifizéierte Mindestloun ronn 2.900 Euro entsprieche géing.

Déi gréisst Oppositiounspartei schwätzt sech dann och fir eng Mindestpensioun aus, wéi d'Fraktiounspresidentin Taina Bofferding erkläert: "An ech mengen dat ass och rëm ee groussen Ënnerscheed tëscht der LSAP an de Majoritéitsparteien. Mir hätte gären, datt d'Mindestpensioun eropgeet, datt een awer dezent dovunner liewe kann. A si soen, nee déi setze mer net erop, déi Leit, déi net genuch hu fir iwwert d'Ronnen ze kommen, déi kënnen dono rëm bei den Office social pilgeren a sech praktesch ausdoen, si gi rëm zum Bittsteller."

Den aktuellen Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel huet d'Regierung sengersäits opgefuerdert, endlech ee Gesetz ze deposéieren, dat d'Plattform-Aarbecht reguléiert: "An et ass net esou, wéi wann näischt am Ministère leie géing. Den Text, deen heiten, läit am Ministère. Hei ass den Text, ech hunn e mat ausgeschafft. Ech konnt en déi Zäit net deposéieren, well de Koalitiounspartner DP dat net wollt, well se op d'Direktiv gewaart hunn. Mee den Text ass fäerdeg, et ass also net esou, wéi wa keng Viraarbecht geleescht gouf."

D'Deputéiert Claire Delcourt huet dann ugereegt, datt Leit, déi op der Strooss liewen, ee méi einfachen Accès zu enger Adresse de référence kréie missten.

Bei der LSAP waart een dann och ongedëlleg op de Plang géint d'Aarmut, deen am Dezember duerch de Regierungsrot goe soll.