Thema dëst Joer: D'Wuelbefannen op der Aarbecht
© Letz Be Healthy
Net just fir d'Betraffe selwer stellt sech d'Fro wéi een Diabetes an Aarbecht kombinéiere kann, och fir d'Eltere vu Kanner mat Typ 1 ass et net evident.
Zu Lëtzebuerg liewe ronn 35.000 Leit mat Typ 1 oder Typ 2 Diabeetes. Wärend Typ 2 eng stoffwiessel-bedéngt Form ass an een eng Resistenz op Insulin huet, ass den Typ 1 eng Autoimmunkrankheet, bei där de Kierper guer keen Insulin méi produzéiert. D'Jessica Durbach vun der Associatioun vum Diabète:
"Diabeetes Typ 1 ass eng Krankheet, wou wierklech 24 op 24 Stonne soll duerno gekuckt ginn, fir dass eben d'Glycemiewäerter stabil bleiwen an an deem Beräich, an deem mer wëlle bleiwen."
An dat ass net just fir déi Concernéiert, mä am Fall vu Kanner mat engem Typ 1, och fir d'Elteren eng Belaaschtung:
"Dat ass fir nozekucke wéi vill Kuelenhydrater am Iessen dra sinn, wéi vill Insulin muss administréiert ginn."
D'Stéphanie Ravat erënnert sech nach all ze gutt drun, wéi hiert Meedchen Lina am Alter vun 14 Joer d'Diagnos krut. Well déi typesch Symptomer vu Gewiichtsverloscht, vill Duuscht, dacks op d'Toilette goen, awer ufanks net eescht geholl goufen, ass d'Lina bal an e Koma gefall a gouf hospitaliséiert. Eng Woch laang goufen d'Meedchen an d'Mamm am Spidol forméiert:
"Dès qu'ils ont diagnostiqué que c'était un diabète de type 1, ils lui ont injecté de l'insuline pour faire descendre à tout prix son taux de glycémie. Et on a pris les quantités de glucides qu 'il y a dans chaque aliment, calculé les doses."
En enormen psychologeschen, mee och zäitlechen Opwand. Dat mat Aarbecht kombinéiere wier praktesch onméiglech, seet d'Stéphanie Ravat aus eegener Erfarung:
"En Allemagne, en Belgique, en France, les parents ont droit à trois mois à un an de congé, qui peuvent répartir de différentes façons. Ça peut être quelques heures par jour, ça peut être deux semaines au début, puis quelques heures. Et c 'est vraiment adapté pour la maladie de nos enfants."
Och d'Jessica Durbach vun der Associatioun vum Diabète seet, datt Eltere vu Kanner mat engem Typ 1 virun allem am Ufank vun der Diagnos extrem vill Zäit bräichte fir mat der Situatioun eens ze ginn, der psychologescher Belaaschtung, mä och fir d'Kanner an der ganzer Gestioun vun der Krankheet ze ënnerstëtzen:
"Am Sënn vum Diagnostik, dass wann dee gestallt gëtt, dass do d'Horairë vläicht kéinte flexibel ugepasst ginn, dass d'Eltere Recht hunn op zousätzleche Congé, fir eben d'Kanner an där Ufankszäit ze ënnerstëtzen, selwer och vläicht sech kënne psychologesch Hëllef siche goen, fir mat der Situatioun a mam Drock eens ze ginn."
Op Nofro beim Aarbechtsministère kruten mer iwwerdeems schrëftlech matgedeelt, datt d'Regierung aktuell un engem Avant-projet de Loi schafft, dee verschidden Ännerunge bei Congés extraordinaires an Congés spéciaux virgesäit, an och Diabeetes an d'Oplëschtung fir congé pour raisons familiales integréiert soll ginn.