CGDIS mellt fënnef Blesséierter bei fënnef Accidenter um Donneschdeg
Wéi de CGDIS mellt goufen um Donneschdegowend fënnef Persoune bei Accidenter op eise Stroosse blesséiert.
Eng Persoun gouf blesséiert, nodeems en Auto vun der Strooss ofkomm an an engem Gruef gelant ass. Geschitt ass dësen Accident um 17.29 Auer um Donneschdeg. Am Asaz waren d'Sekuriste aus der Fiels a vu Waldbëlleg.
Eng Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf et an der Grand-Rue zu Steebrécken um 17.49 Auer. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. CGDIS-Personal vu Monnerech an aus der Stad war op der Plaz.
Eng weider Persoun gouf vun engem Auto ugestouss a blesséiert, dat an der Rue d'Athus zu Péiteng. Hei waren déi lokal Ekippen am Asaz.
Kuerz virun 20 Auer gouf et och um CR234B tëscht Sandweiler an dem Scheedhaff eng Kollisioun tëscht zwee Autoen, bei der eng Persoun blesséiert gouf. D'Stater Sekuriste waren op der Plaz.
Eng lescht Persoun gouf blesséiert bei engem Accident op er Route du Vin zu Gréiwemaacher, dat kuerz no 22 Auer. Hei waren d'Ekippe vu Fluessweiler a Mäertert gefuerdert an och de SAMU war op der Plaz.