Eng Rei Gemengen hu beim Bam-Challenge matgemaach, och Diddeleng
Op de soziale Medien gesäit een an der Lescht vereenzelt Videoen, wou Gemengen oder Associatiounen Beem planzen.
Dës sinn Deel vun der Bam-Challenge, déi hire Wee aus Däitschland eriwwer bei eis fonnt huet. Dës Initiative soll motivéieren, net nëmmen een Bam ze planzen, mee direkt e puer.
D’Zil vun der Challenge ass et, als Grupp ee Bam ze planzen an dann 3 weider Veräiner, Associatiounen oder Gemengen ze nominéieren. Bei esou enger Initiative kënne séier mol puer Beem an Nominatiounen an der selwechter Stad zesummekommen.
Um Nationalen Dag vum Bam hu Gemengen uechtert d’Land, déi verschiddenst Beem gesat. Och zu Diddeleng. An enger Stad, déi vill bebaut ass, ass et wichteg och ëmmer méi Gréngs mat eran ze bréngen.
D’Bëscher maachen zu Lëtzebuerg 35% vun der Surface aus. Traditionell Hecken fënnt een op 15% vun den Terrainen, déi der Landwirtschaft zu Verfügung stinn.
No enger Bestandsopnam vun der Naturverwaltung vun 2023 sinn d’Lëtzebuerger Bëscher an engem bedenklechem Zoustand. Nei Beem planze wier eng vun den Léisung, fir dogéint ze wierken.