Déi aktuell Konventioun mat den aktuelle Konditiounen ass fir d’AMMD net méi akzeptabel.

"Ech kann awer d’Assuréë berouegen: déi Diskussiounen iwwer en Dekonventionnement, datt mir keng Konventioun méi wëllen, dat ass fir eis natierlech net de Fall." rassuréiert den Dr Chris Roller, zanter Enn zejoert President vun der Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD.
 
D'Kënnegung vun der Konventioun mat der CNS, grad wéi d'Fuerderunge vun der AMMD vun enger Tarif-Autonomie an engem selektiven -  also net obligatoresche Konventionnement mat der CNS - hu jo fir vill Kritik an heftege Géigewand gesuergt. Deels och aus den eegene Reien, vu Spidolsdoktere beispillsweis. D'AMMD berouegt elo, si wéilt um solidaresche Modell festhalen. Déi aktuell Gesondheetsversuergung iwwer d’CNS soll deemno bäibehale ginn.
 
"Wat mir soen, ass:  mir brauchen eng gutt Konventioun fir eng gutt Basis-Versuergung fir weiderhin och um solidaresche Modell festzehalen. Dat ass ganz kloer."

Déi aktuell Gesondheetsversuergung iwwer d’CNS soll deemno als Basis bäibehale ginn.

Ee selektive Konventionnement als Qualitéits-Krittär

Wat deen aktuelle "conventionnement obligatoire an automatique" ugeet, stéiert d’Dokteschassociatioun sech virop um "automatique". Dat wär net fërderlech fir d’Qualitéit, ënnersträicht hire President. Virun allem  bei Diplomer aus Drëtt-Länner misst méi genee gepréift ginn. Dat virum Hannergrond vum Problem, datt vill Zänndokteren e puer Deeg am Mount op Lëtzebuerg a Privatpraxe praktizéiere kommen. D’Qualitéit an de Suivi do net ëmmer garantéiert wären.
 
"Dat heescht, Dir kënnt egal wéi een Dokter hei zu Lëtzebuerg eraloossen. Dee kënnt automatesch direkt an de Konventionnement eran. Fir eis soll d’Konventioun e Qualitéitskrittär sinn. Dat heescht,wann e Patient bei een Dokter geet, dee conventionéiert ass, ass dat och eng Garantie dofir, datt en do eng uerdentlech Medezin kritt."
 
Am Géigenzuch sollt en Dokter och kënnen d’Konventioun ewechgeholl kréien, wann en uerg Feeler mécht. "Dann ass deen Dokter duerno ouni Konventioun do. An ech mengen, mir sinn eis eens: En Dokter, deen net konventionnéiert ass, do geet kee Patient hin, well e weess, datt en net rembourséiert gëtt."

Selektive Konventionnement och aus Doktesch-Siicht

De selektive Konventionnement soll awer och an déi aner Richtung goen: Datt d’Doktere selwer och selektiv, also deelweis ausserhalb vun der Konventioun, solle schaffe kënnen. Dat am Fall vun neie Behandlungen, fir déi d’CNS nach keen Tarif ausgeschafft huet. Hei soll dann och d’Tarif-Autonomie spillen.
 
Mat der Fuerderung no enger Tarif-Autonomie wéilt d’AMMD net erreechen, datt jidder Dokter de Präis vu senge Consultatioune selwer kéint festleeën, ënnersträicht den AMMD-President.

Tarif-Autonomie fir nei Aktivitéiten, déi d’CNS nach net rembourséiert

Mee et géing drëms, de Patienten zu Lëtzebuerg méi séier Zougang zu neie medezinesch Methoden an Therapien ze erméiglechen, fir déi d’CNS nach keen Tarif festgeluecht hätt. D’Gesondheetskeess géif dofir alt mol bis zu 10 Joer brauchen, seet den Dr Roller.

"Well déi Saachen, déi ginn am Ausland offréiert an ech zu Lëtzebuerg ka se net offréieren, well d’CNS mir et net erlaabt. An dat fannen ech vis-à-vis vun den Assuréen net korrekt, well si mussen dann an d’Ausland goen."
 
Soulaang et kee konventionnéierten Tarif géif, kéint een da mat "tact et mesure" en Tarif festleeën, beispillsweis zesumme mam Collège médical, deen de reelle Fraise Rechnung droe géif.  An d’CNS kéint da soen "dat do mécht Sënn, dat rembourséiere mer oder net".
 
"An all déi Behandlungen, déi iwwer den "utile et nécessaire" wéi d’CNS esou schéi seet, ewech ginn, musse mer an Zukunft awer kënne wëllen ubidden. Well d’Dokteren zu Lëtzebuerg kënnen dat oft net maachen, well d’CNS eben do keen Tarif huet. An dat ass eppes, wou mer soen, ‘dat ka jo awer net sinn, datt d’Patienten dofir mussen an d’Ausland goen!’ Mir wëlle jo jonk, dynamesch innovativ sinn, also musse mer och am Gesondheetssecteur awer dohi kommen, dat mer kënne modern Saachen offréieren an d’Leit net mussen an d’Ausland schécken."

Onéierlech Diskussiounen iwwer Zwee-Klasse-Medezin

Fir déi Soinen, déi eben iwwer den "utile et nécessaire" erausgoe géifen – Laser-OP vun den Aen oder Bleeche vun den Zänn zum Beispill, oder neier, déi nach net vun der CNS rembourséiert ginn, sollten dann d’privat Gesondheetsassurancë spillen. Wann d’Cotisatiounen ëmmer weider an d’Luucht géingen, misst ee sech froen, ob de Patient iwwerhaapt eppes dovunner hätt oder ob et net besser wär, déi Sue bei engem privat Assureur auszeginn, wou en dann och nach zousätzlech Saache mat couvréiert hätt.
 
Assurancen, déi awer net jidderee sech leeschte kann an déi eventuell duerch d’Ofdecke vun neie Soinen och nach méi deier ginn. Wäre mer duerch d’Hannerdier dann do net awer an der Zwee-Klasse-Medezin ukomm?
 
"Een einfacht Beispill: wann d’Nancy Pelosi an der Chamber d’Trap eroffält a sech d’Hëft gebrach huet an hei an d’Urgence kënnt. Mengt dir wierklech, déi géif 8 Stonnen an der Urgence waarden, bis se dru geholl gëtt!? Also et gëtt eng Zwee-Klasse-Medezin an deem Sënn. Déi ass et ëmmer ginn!" kontert de Chris Roller a schwätzt vu Leit, déi an Däitschland an den IRM ginn, fir méi séier bäizekommen oder déi een anzwousch kennen an dofir Zäit-no e Rendez-vous kréien.

D'Dokteren zesumme bréngen

D’Kommunikatioun vun der AMMD hätt warscheinlech nach e bësse méi explizitt kéinte sinn, gëtt de President vun der Doktesch-Associatioun zou. De Chris Roller begréisst awer och, datt elo iwwerhaapt mol ee groussen Debat iwwer d’Gesondheetspolitik am Land gefouert géif. "Ech mengen awer, datt elo de Moment komm ass, fir sech un den Dësch zesummen ze setzen, fir d’Dokteren zesummen ze bréngen, fir eis eben net ausernee splécken ze loossen. Fir am Interêt vun den Assuréeën, och vun der Gesondheetsversuergung an de Prestatairen natierlech, eng däitlech Verbesserung ze kréien."