An de leschte Wochen ass vill iwwer d’Zukunft vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem diskutéiert ginn.

Dat nodeems d’Dokteschassociatioun AMMD d’Konventioune mat der CNS gekënnegt an eng Tarifautonomie fir d’Doktere gefuerdert huet. Fir vill Kritik hat och d’Nouvelle vun der geplangter “Findel Clinic” gesuergt, un där och Privatinvestisseure bedeelegt sinn. Ënnert anerem d’Gewerkschaftsfront an eng Partie Oppositiounsparteien hu sech besuergt gesot, datt et duerch esou Projeten zu enger Zwou-Klassemedezin kënnt. Elo huet och d’Lëtzebuerger Spidolsfederatioun FHL sech virun der Press zu Wuert gemellt,

Alles an allem weist d’Spidolsfederatioun sech zefridde mam Gesondheetssystem am Grand-Duché. Wéineg Systemer op der Welt wieren esou performant, esou den FHL-President a Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, Marc Berna. Et wier ee sech awer bewosst, datt den aktuelle System misst moderniséiert, voire ugepasst ginn. De System wier ënner Drock.
 
Eise Gesondheetssystem, wéi all aneren och, muss sech ëmmer méi de Realitéite einfach vun der Gesellschaft haut upassen, an déi ännere sech halt ëmmer méi schnell. An deementspriechend muss och de Gesondheetssystem evoluéieren, wann ee weiderhin esou gutt wëll bleiwen, wéi en et an de leschte Joerzéngte war.
 
Wat d’Waardezäiten beim IRM zum Beispill uginn, wieren d’Waardezäiten - an der Moyenne dräi Méint - sécherlech nach ze laang, gëtt de President vun der Spidolsfederatioun zou.

Dat, mengen ech, ass einfach doduerch bedéngt, datt mer mat der Planung ëmmer e bësse méi lues waren, ewéi d’Evolutioun vun eiser Gesellschaft, vun eiser Demographie, déi extrem gestigen ass an de leschte Joerzéngten, ech géif esouguer soen, explodéiert ass, an do musse mer einfach e bësse méi reaktiv ginn a wat mer elo a verschiddene Beräicher, net an allen, mee a verschiddenen Beräicher, ass eng Offer, déi sech méi schnell kann upassen. 

Eng komplett Liberaliséierung vum Extra-Hospitalier kënnt fir d'FHL net a Fro. D'Spideeler wieren de Garant vu Qualitéit viru Profit. Wat d’Dokteschgesellschaften ugeet, esou missten déi vun Doktere geféiert ginn an net vu Privatinvestisseuren. Antennen jo, awer Spidols-Antennen, ënnersträicht och de Guy Berchem, Member vum Verwaltungsrot vun der FHL a medezineschen Direkter vum CHL.

Den CHL zum Beispill huet scho jorelaang Consultatiounen op anere Plazen, zum Beispill zu Maarnech, zu Gréiwemaacher, zu Miersch, wou verschidde Spezialisatiounen mat Dokteren aus der Klinik ugebuede ginn.

Weider Verbesserungen am Secteur erhofft d'Spidolsfederatioun sech ënnert anerem duerch déi sougenannt "Réseaux de compétences", déi lues a lues géingen entstoen, an och duerch d'Digitaliséierung. Och de Statut vum Spidolsdokter géing aktuell iwwerschafft ginn. Et misst een och nei Talenter unzéien, esou den FHL-President. 
 
Nei wieren déi Proposen iwwerdeems net, huet de President vun der Spidolsfederatioun virun der Press präziséiert.
D'FHL hätt sech scho viru gutt zwee Joer mat deenen Iddien a Revendicatiounen un déi deemools nei CSV-DP Regierung adresséiert.