Géint 16.30 Auer krut ee Chauffer bei Buerschent ee Luuchtepotto ze paken. Hie gouf derbäi verwonnt.

D'Strooss war gespaart.

Um 12.04 Auer ass op der A13 Richtung Schengen op der Héicht vun der Gadderscheier een Automobilist am Rampli gelant a gouf derbäi blesséiert.

Ënnert anerem koum et um 12.36 Auer zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen op der Areler Autobunn Richtung Stad op der Héicht vun der Sortie Wandhaff-Aire de Capellen. Derbäi gouf et 2 Blesséierter.