De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Waffenarsenal zu Keespelt

Zu Keespelt hu Beamten e Mëttwoch eng onerwaart Decouverte gemaach, déi zu enger zimmlech spektakulärer Policeaktioun gefouert huet. Am Kader vun enger Vermësstemeldung hu Polizisten en Haus duerchsicht an dobäi net just déi vermësste Persoun fonnt, ma och nach e ganzt Arsenal u Waffen a Munitioun. Ronderëm d’Haus huet missen ee Sécherheetsperimeter ageriicht ginn.

Urteel am Fall vu Policegewalt zu Esch

Dës Woch gouf et dann och nach een Urteel an engem Fall vu Policegewalt zu Esch. Ee Polizist krut, nieft enger Geldstrof, e Beruffsverbuet vun 10 Joer an eng Prisongsstrof vu 6 Joer, gréisstendeels op Sursis. De Polizist hat 2019 enger Persoun, déi schonn an Handschelle war, mat verstäerkten Händschen an d’Gesiicht geschloen.

Mat multipele Frakturen a komplett geschwollenem Gesiicht hunn den Haapttäter an aner Beamten d'Affer an d’Arrestzell bruecht a goungen dono net méi no him kucken. Déi nächst Schicht huet d’Affer Moies a sengem Blutt fonnt.

Nach véier aner Poliziste goufen zu Prisong op Sursis an enger Geldstrof verurteelt, well si hirem Virgesaten dobäi gehollef haten, Spueren ze verwëschen an Zeienaussoen ze fälschen.

Patrimoine a Gefor

Een Thema, wat ëmmer nees fir Opreegung suergt, ass de Patrimoine. Ufank November ass een 300 Joer alen Haff zu Äischer zum Deel an de Koup gefall – an dat obwuel et denkmalgeschützt war. Iwwer d’Geriicht probéiert den INPA, fréiere Sites et Monuments, déi néidegst Reparaturaarbechten duerchgesat ze kréien.

Och menacéiert ass eng Millen, iwwert déi mer schonn am Mee bericht haten. Si steet um Chantier-Site vum CHL a géif do an Zukunft den Ambulanzen am Wee stoen, huet et deemools geheescht.

Groussbrand zu Hongkong

E schrot Feier zu Hongkong huet dës Woch op d'mannst 128 Mënscheliewe gefuerdert. Et ginn nach ëmmer Honnerte Leit vermësst, dofir ass dovunner auszegoen, datt d'Zuel vun den Affer nach klamme wäert. Siwe vun aacht Wunntierm waren e Mëttwoch a Flamen opgaangen, nodeems sech d'Feier iwwert e Gerüst aus Bambus séier konnt weiderverbreeden. Wéi et vun de Pompjeeën heescht, hätt den Alarmsystem am Wunnkomplex Wang Fuk Court "net richteg funktionéiert".

Friddensverhandlungen am Krich an der Ukrain

International gouf et dës Woch Beweegung an de Friddensverhandlunge ronderëm de Krich an der Ukrain. De russesche President Putin seet sech oppe fir Gespréicher, ma Sträitthema bleiwen déi besate Gebidder am Oste vun der Ukrain. Wann d’Ukrain déi Gebidder net opgëtt, déi Russland gären hätt, da geet de Krich weider, sou de Wuertlaut aus Moskau. Den ukrainesche President Selenskyj huet e wichtegt Treffen d’nächst Woch ugedeit, eventuell mam US-President Donald Trump.

Hamm kritt zwee nei Liichtathletikstadionen

2029 sinn d'Spiller vun de Klenge Länner zu Lëtzebuerg a bis dohi solle se fäerdeg sinn: rieds ass vun den zwee neie Liichtathletikstadionen, déi d'Stad Lëtzebuerg op Hamm baue wëll. Den éischten Deel vum Sportkomplex soll ronn 140 Millioune kaschten, sou d’Schätzungen.

Aendokteren operéieren de groe Star am Cabinet

Zanter 2022 gëtt am Cabinet vun der Aendoktesch Carla Schmartz de Katarakt, also de groe Star, operéiert. Dat, well d‘Waardezäiten am Spidol, wou si an hir Associéen och haut nach operéieren, ëmmer méi laang gi wären. Virun der Pandemie hätten d'Spidolswaardezäite bei sechs bis zwielef Méint geleeën, duerno esouguer driwwer.

Leandro Barreiro mécht Gol an der Champions League

De 25 Joer alen Nationalspiller huet en Dënschdeg den Owend ee Gol fir Benfica Lissabon markéiert. De portugisesche Club huet sech domat mat 2:0 géint Ajax Amsterdam duerchgesat. Hien ass domat nom Séba Thill am Joer 2021 eréischt deen zweete Lëtzebuerger, deem ee Gol an der Champions League gelongen ass.