D'Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen (CSV) trëtt am Januar als Buergermeeschtesch vun Hesper an als Deputéiert zréck. Och de Patrick Santer soll wiesselen.

D'Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen zitt sech, am Laf vum Januar, aus der Politik zréck, souwuel op hirem Posten als Buergermeeschterin vun Hesper, wéi och aus der Chamber.

D'CSV-Politkerin huet de Freidegowend hir Decisioun am Hesper Gemengerot matgedeelt.

No 21 Joer politescht Engagement an der Gemeng a mat 70 Joer ass et fir d'Madame Gantenbein un der Zäit, méi lues ze trëppelen a vun der Pensioun ze profitéieren, huet si RTL erkläert.  Am Ufank vun der Legislaturperiod wier scho kloer gewiescht, datt d'CSV-Politikerin net bis zum Schluss um Buergermeeschteschposte bleiwe wäert.

De Successeur vun der Madame Gantebein un der Spëtzt vun der Hesper Gemeng gëtt den aktuelle Finanzschäffen Marc Lies, den Theo Zeimes réckelt an de Schäfferot no. De Roby Leven kënnt duerch de Changement an de Gemengerot.

Um Krautmaart réckelt déi Nächstgewielten op der CSV-Lëscht, d'Fabienne Gaul, no.

Och de Patrick Santer?

An RTL-Informatiounen no dréint de Personal-Karrussel bei der CSV virun de Chamberwahlen nach weider.

Wéi et ausgesäit mécht och de Patrick Santer, de Fils vum Éirestaatsminister Jacques Santer, säi Mandat am Zentrum net fäerdëg. Sollt hien also och nach virum 7. Juni 2009 zerécktrieden, géif de Raymond Weydert nach fir puer Méint op d'CSV-Bänken an der Chamber noréckelen.