Per Gesetz huet een 3 Deeg Zäit fir Krankeschäin eranzeginn

Eng Klausel am Aarbechtskontrakt, déi seet, dass een e Krankeschäin schonn den 1. Dag muss beim Patron ofginn, ass net valabel, sou den Affekot P. Schiltz.
D'Chambre des Salariés huet, dem Patronat no, ee Geriichtsuerteel falsch interpretéiert. Rieds geet vun engem Urteel dat d'lescht Joer geholl gouf.
Hei gouf op en neits präziséiert wéini a wéi ee Salarié sech bei sengem Employeur ofmelle soll. A virun allem wéini de Krankeschäi soll agereecht ginn.
No der Interpretatioun vun der CSL bréicht een déi éischt zwee Deeg kee Krankeschäin ze hunn. Dat ass awer eng falsch Interpretatioun seet d'Patronat.
Am Juni 2013 koum et zu engem Urteel wou d'Etappen nach eng Kéier ënnerstrach goufen, déi ee Salarié vis-à-vis vu sengem Patron anhale muss am Fall wou e krank gëtt. D'Chambre des Salariés hätt do awer eppes net richteg verstanen, esou de Romain Schmit, Direkter vun der Federation des artisans. Et kéint een net soen, de Patron hätt kee Recht, fir déi éischt zwee Deeg e Krankeschäin ze verlaangen. En hätt dat Recht, sou de Romain Schmit.
De Patron duerf awer net virum drëtten Dag kënnegen, also dem Dag wou de Krankeschäi spéitstens dobanne muss sinn. Ass deen dann nach net agereecht ginn, kann et zu enger Entloossung kommen.
Och den Affekot Pierrot Schiltz gesäit an der Interpretatioun vun der Chambre des Salariés de Problem. Hie weist awer och drop hin, datt d'Patronen d'Salariéeën net dozou zwénge kënnen, ee Krankeschäi bannent den éischten zwee Deeg virzeweisen. Well dofir stinn hinne per Gesetz 3 Deeg zur Verfügung.
Pierrot Schiltz: Wann e Patron lo duerch e Reglement intern oder am Aarbechtsvertrag géing virgesinn: "Ah nee, bei mir am Betrib, ech hätt gären, dass du däi Certificat de maladie den 1. Dag schonn ofgëss, oder den zweeten Dag. Dat wier rëm eng Kéier eng Klausel déi net valabel ass. Ma firwat... ma well si wier jo rëm fir de Salarié méi ongënschteg wéi d'Gesetz et virgesäit, well d'Gesetz gëtt him 3 Deeg Zäit. An do wier sou eng Diskussion ongülteg an et ass och justement dee passage do, deen an där Decisioun vun der Cour déi op eemol grouss Welle geschloen huet an op eemol fir Panik gesuergt huet, falsch interpretéiert ginn. Well déi Decisioun vun der Cour seet an engem bestëmmt Passage, majo de Salarié ass net verflicht den 1. oder den 2. Dag vu senger Maladie, de Certificat ofzeginn. Et ass jo och richteg, well de Code du Travail, dee gesäit tatsächlech 3 Deeg vir! Mä dat ass elo sou interpretéiert a falsch gelies ginn, dass verschiddener mengen, dass ee lo fir déi éischt zwee Deeg kee Certificat méi brauch. An dat ass falsch. Et brauch een e just déi éischt zwee Deeg net ze verséieren, well et huet een 3 Deeg Zäit.
An engem zweete Passage steet, datt de Salarié den éischten Dag juge vu senger Gesondheet wier. De Saz wier aus dem Kontext geholl an esou falsch verstane ginn.
Pierrot Schiltz: Et ass jo kloer, dass wann e Salarié moies opsteet, an e fillt sech net gutt, majo dann decidéiert hie jo selwer, ob de Moment ob et ëm gutt oder schlecht ass, ob e schaffe wëll goen, oder ob en net schaffe wëll goen. Do ass jo keen aneren do a méi wëll dee Saz do net soen. Mä dat heescht net, dass en do kee Krankeschäin brauch.
Fir ee Salarié dee krank gëtt, gëllt also, den éischten Dag wou e krank ass, säi Chef doriwwer z'informéieren. Bis spéitstens den 3ten Dag no senger Absence, muss den Employé e Krankeschäi virgeluecht hunn.