"Elteren getrennt" ass den Numm vun enger ASBL, déi sech am am Mee am Kader vun der Journée mondiale de la famille gegrënnt huet.

Ob no enger Trennung oder Scheedung, dacks sinn et d'Kanner, déi ënnert de Konsequenze leiden. D'Vereenegung versicht d'familiär Situatioun erëm opzebauen, virun allem am Interessi vum Kand. Hiert Uleies si virun allem d'noutwendeg Changementer am Familljerecht hei zu Lëtzebuerg.

Ee vun deenen heefegste Sträitpunkten tëscht getrennten Elteren ass d'Besuchsrecht. Ma well dëst och oft mëssbraucht gëtt, kënnt et zu enger ganzer Rei Plainten. Alleng déi lescht 5 Joer goufen zu Lëtzebuerg 1.119 Dossieren zur Verletzung vum Besuchsrecht vum Parquet opgemaach, ma heivunner gouf awer nëmmen a 16 Fäll en Uerteel gesprach.

De Parquet poursuivéiert dës Fäll net, quitte datt de Legislateur se als Delikt agestuuft huet. Ma op gesetzlechem Terrain muss sech an den Ae vum Romain Schroeder nach sou Munches änneren.

"Déi Artikelen déi am Code civil sinn, déi sech mam der Autorité parental a mam Droit de garde befaasse si zënter 2008 anti-konstitutionell. Se ginn einfach engem Elterendeel Recht."

Lëtzebuerg schéngt Joerzéngten hannendran ze sinn, wat den Droit de la famille ugeet.

"Den anere groussen Ënnerscheed, dee mer nach maachen am Gesetz, ass tëscht engem Enfant naturel an engem Enfant légitime. Deen Artikel ass 1999 schonn als anti-konstitutionell erkläert ginn an d'Gesetzer si nach ëmmer net geännert ginn."

Op Äntwerte vun politescher Säit aus waart een nach bis haut. D'ASBL hofft, datt hirem Uleies lo no der Vakanz Rechnung gedroe gëtt.

AUDIO: "Elteren getrennt"