Um Stater Geriicht ass e jonke Mann wéinst 21 Fäll vu Brandstëftung zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer, zwee dovu mat Sursis, veruerteelt ginn.

Hie krut ënner anerem d’Oplo, sech psychiatresch behandelen ze loossen. Donieft gouf eng Geldstrof vun 1.000 € gesprach, an de Mann muss 3 Parties civilen am Ganze bal 4.400 € Schuedenersaz bezuelen, woubäi d’entspriechend Demande vun der Gemeng Beetebuerg ofgewise gouf.

De fréiere Beruffspompjee stoung wéinst Faiten am Zäitraum tëscht Juli 2014 a Mee 2015 virun de Riichteren. Zu de Virfäll war et an der Haaptsaach zu Beetebuerg komm, wou de Mann déi Zäit am Ambulanzendingscht aktiv war.

Den Ugekloten, deen 20 Faiten zouginn huet, een awer net, hat absënns Dreckseemeren ugefaangen. Donieft hat hien am Mee zejoert zu Welfreng e Juegdchalet vun der Famill Schleck a Brand gesat.