Lëtzebuerg gëtt sech déi néideg finanziell Moyenen, fir seng militäresch Kapazitéiten auszebauen.

An der Chamber goufen en Donneschdeg nämlech zwou Motiounen ugeholl, fir d'Virbereedungsaarbechten un zwee militäresche Projete virunzedreiwen, an dat, obwuel mol nach keng Finanzéierungsgesetzer gestëmmt sinn. Et geet dobäi engersäits ëm d'Extensioun vun der WSA zu Suessem, wou zousätzlech Hale fir de Stockage, d'Maintenance an d'Ausbildung gebaut ginn an anerersäits ëm déi Infrastrukturen, déi zu Arel am Kader vum binationale Batailloun mat der Belsch entstoe sollen. D'Motioun zu den Infrastrukturen zu Arel gouf mat 51 Jo- bei 9 Nee-Stëmmen an déi zur WSA mat 56 Jo- bei 4 Nee-Stëmmen ugeholl.