Airbnb ass e Site fir d'Locatioun vu Logementer. Och hei am Land verlounen ëmmer méi Privatleit hier Wunnengen oder Haiser temporär un aner Privatleit.

Wéi ass et mam legale Kader vun dem Ganzen? Dat wollten d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty wëssen an hunn dem Wirtschaftsminister eng parlamentaresch Fro gestallt.

AUDIO: Airbnb-Regelung zu Lëtzebuerg / Pit Everling

Den Etienne Schneider äntwert, datt et net virgesinn ass fir d'Airbnb-Aktivitéite speziell ze regelen. Also keng Grozon. Et spillt den Droit commun vun de Kontrakter a vun der Responsabilitéit.

Et gëtt wuel Obligatiounen: Sou mussen zum Beispill déi normal Locatiouns-Critèren agehale ginn, Hygiènes- a Sécherheetsstandarden erfëllt sinn. D'Revenuen, déi mat der Airbnb-Aktivitéit verbonne sinn,mussen deklaréiert ginn an déi sougenannte Fiche d'hébergement vun de Leit déi reesen, muss ausgefëllt ginn.

Den Ament wier also keng speziell Regelung fir Airbnb virgesinn, och wier net geplangt fir dës Aktivitéiten ze limitéieren, soulaang Privatleit sech net wéi Professioneller behuelen. De Minister schreift a senger Äntwert awer, datt een d'Saach wéilt am A behalen a wann néideg Adaptatiounen an der Legislatioun maachen. Et wier och interessant fir ze kucken, wéi eis Nopeschlänner mat Airbnb wäerten ëmgoen.

Jiddefalls wier Airbnb en interessante Complement zu der klassescher touristescher Hebergementsoffer, sou nach den Etienne Schneider. Iwwert dëse Wee kéint eng nei Clientèle op Lëtzebuerg gelackelt ginn an Airbnb géing zur Diversitéit an zur Attraktivitéit vun der Touristendestinatioun Lëtzebuerg bäidroen.

Wat lo mol geplangt ass, ass fir d'Leit besser iwwert dës Zort Aktivitéiten ze informéieren, zum Beispill via de Site guichet.lu.