
E Freideg géint 17:40 Auer krut en Auto op der Tréierer A1 e Moto ze paken, eng Persoun gouf blesséiert. Tëscht Réiser an Alzeng si kuerz no 18 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Direkt véier Blesséierter gouf et um 18:30 Auer op der Nationale tëscht dem Waldhaff a Gonnereng. Dräi Autoe waren hei am Coup.
Eng Persoun gouf verwonnt, wéi géint 20:30 Auer e Freideg den Owend en Auto tëscht Folkendeng an der Reisermillen accidentéiert ass. Géint 2 Auer an der Nuecht op e Samschdeg gouf dann nach ee Foussgänger tëscht Leideleng-Gare an dem Gréiwelsser Haff ugestouss a blesséiert. An dësen zwee Fäll gouf och ee Samu op d'Plaz geruff.
Nieft de Verkéiersaccidenter goufen d'Rettungsekippen och geruff, fir e Feier an engem Haus an der Rue de la Montagne zu Hamm ze läschen. En Daach huet hei gebrannt. An tëscht dem Hunnebuer a Reckeng hat et ugefaange mat brennen, well de Blëtz ageschloe war. Hei ass kengem eppes geschitt.