Op eise StroossenAacht Blesséierter bei siwen Accidenter en Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS hat en Donneschdeg vill ze dinn. Siwen Accidenter goufen tëscht 11 a 17 Auer gemellt.
© Laurent Weber

En Donneschdeg gouf et op de Stroossen uechter d'Land eng ganz Rei Accidenter. Ugefaangen huet et am spéide Moien ëm 11:17 Auer an der Grand-Rue zu Clierf, wou eng Persoun ugestouss a blesséiert gouf.

Da war et kuerz no 12 Auer op der A6 Richtung Arel op de Héicht vun der Sortie 4 bei Stroossen zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto komm. Hei gouf et och eng blesséiert Persoun.

Zwee Blesséierter gouf et ëm 12:51 Auer um CR172 tëscht Éileng a Piisseng, wou sech zwee Autoen ze pake krut hunn. Accidentéiert ass da jeeweils een Auto tëscht 14 a 16 Auer um CR309 tëscht Ueschdref a Bauschelt, zu Duelem an der Rue des Trois Cantons an och um CR163 tëscht dem Gréiwelsser Haff an der Gréiwelsserbarrière, wou sech jee eng Persoun blesséiert huet.

Eng weider Kollisioun mat engem Blesséierten tëscht engem Auto an enger Camionnette war et dann och nach kuerz no 16 Auer op der RN15 tëscht Nidderfeelen an Heischent ginn.

Back to Top
CIM LOGO