
En 51 Joer ale Mann aus dem Weste vum Land ass vun der 3. Etage e puer Meter an d'Déift an e Schacht gefall. De Samu war op der Plaz, konnt awer näischt méi fir de Mann maachen. Hien ass nach sur place u senge Verletzunge gestuerwen.
De Miess- an Erkennungsdéngscht an d'ITM waren op der Plaz.