
De Kierper vum Mann, dee wärend den Aarbechten an engem Gruef stoung, gouf zum Deel ageklemmt, wéi et zu engem Äerdrutsch komm ass. Op der Plaz gouf éischt Hëllef geleescht, du koum de schwéierblesséierten Aarbechter an d’Spidol.
De Parquet huet eng Enquête ordonéiert, fir erauszefannen, wéi et zum Accident komme konnt. D’ITM war op der Plaz.