Lëtzebuerg bleift intressantAarbechts- a Logementskonditioune fir EU-Fonctionnairen attraktiv halen

RTL Lëtzebuerg
Der Regierung wier et wichteg, datt d'EU-Institutiounen zu Lëtzebuerg present sinn.
© RTL Mobile Reporter / Christophe

Dowéinst géif ee probéieren d’Aarbechts- an d’Logementskonditioune fir EU-Fonctionnairen attraktiv ze halen. An deem Kontext wieren och gemeinsam Gremie mat der EU an d’Liewe geruff ginn.

Tëscht Lëtzebuerg an dem Konkurrenz-Site Bréissel, géif et en Ënnerscheed vun iwwer 10,5% bei de Liewenskäschte ginn.

D’Iddie dowéinst e sougenannten “coefficient correcteur” anzeféieren, gouf bis ewell awer nach net zeréckbehalen.

Ma, d’Iddie vun enger Indemnitéit de Logement stéing am Raum.

De Grand-Duché schéngt awer op alle Fall interessant ze bleiwen: Waren et 2015 eng 12.000 EU- Fonctionnairen an Agenten hei am Land, sou sinn et der dëst Joer iwwer 14.000.

Alles dat steet an der Äntwert vum Ausseminister Asselborn op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

Back to Top
CIM LOGO