D'Police sicht no ZeienAbréch an eng Partie Autoen zu Ettelbréck
En Donneschdeg an der Nuecht hunn Onbekannter sech Zougang zu enger Partie Autoen, déi a verschiddene Stroossen zu Ettelbréck geparkt waren, verschaaft.
Verëffentlecht: 12.10.23 09:02, Update: 08.12.25 13:51
Dobäi hu si Boergeld an e Sonnebrëll geklaut.
Méiglech Affer vun den Déifställ si gebieden, sech beim Police-Kommissariat Dikrech-Veianen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder der via Mail.