Aus dem PolicebulletinAbréch zu Mäertert an zu Schëtter

RTL Lëtzebuerg
En Samschdeg den Owend gouf et en Abroch an der Route de Wasserbillig zu Mäertert.

Éischten Informatiounen no waren d’Brigangen duerch eng Fënster an d’Haus komm. Wéi si bis dobanne waren, hu si e puer Schief duerchwullt, éier si vun de Bewunner iwwerrascht goufen. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf et iwwerdeems en Abroch an en Haus an der Rue Principale zu Schëtter. Hei hunn d’Täter sech den éischten Erkenntnisser no iwwert d’Terrassendier Zougang verschaaft. Si konnte mat enger Partie geklaute Géigestänn flüchten.

A béide Fäll gouf d’Spueresécherung vun der Police op d’Plaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO