
Zu Esch-Uelzecht war der Police e Mëttwoch den Owend e Grupp jonk Männer gemellt ginn, déi wuel Droge konsuméiert hunn. Wéi d’Patrull de Grupp ugetraff huet, goufe bei der Kontroll zwar keng Droge fonnt, dofir awer eng verbuede Waff. D’Waff gouf vun de Beamte sécher gestallt an Ermëttlunge lancéiert.
Um Kierchbierg an der Rue des Labours hat sech an der Nuecht op e Mëttwoch en Abriecher duerch d’Bascht gemaach, nodeems hie vun den Awunner iwwerrascht gouf. Eng Policepatrull konnt de presuméierten Abriecher awer kuerz drop um Kierchbierg untreffen. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl an hat e Mëttwoch de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.