Ginn d'Leit informéiert?Abriecher hale Wolz zënter Méint an Otem

Marc Hoscheid
Op den éischte Bléck mécht Wolz en zimmlech friddlechen Androck, ma zanter Dezember 2021 gëtt et hei eng Serie vun Abréch a Geschäfter.
Abriecher hale Wolz zënter Méint an Otem
Op den éischte Bléck mécht Wolz en zimmlech friddlechen Androck, ma zanter Dezember 2021 gëtt et hei eng Serie vun Abréch a Geschäfter.

Déi Concernéiert maache sech Suergen ëm hir Sécherheet. Och wa si sech mat Kritik un den Autoritéiten zeréckhalen, wäre si frou, wann d’Abriecher esou séier wéi méiglech identifizéiert géife ginn.

Tëscht dem 12. Dezember 2021 a leschtem Samschdeg ass zu Wolz a ronn 15 Geschäfter agebrach ginn. Déi meescht sinn an der Grand-Rue zu Uewerwolz, ma déi leschte Kéier war och ee Geschäft op der Lann zu Nidderwolz betraff. D’Patrone vun enger Epicerie an der Grand-Rue beschreift hir Gefillslag.

Geschäftsfra 1: “Am Moment hu mer e bëssi Angscht, well et gëtt ëmmer méi sou Situatiounen. Et fillt ee sech net sécher hei zu Wolz, d’Commerçanten awer och déi privat Leit. Well et héiert ee vill, datt och bei private Leit agebrach gëtt.”

An engem Kleedergeschäft schif vis-à-vis gouf an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg esouguer fir d’zweete Kéier zanter Dezember agebrach. D’Patrone bedauert d’Abrochserie net nëmmen, well si selwer betraff ass, mee och well Wolz esou zu Onrecht a Verruff gerode géing.

Geschäftsfra 2: “C’est quand-même une belle ville. Quand je me suis déposée ici, je pensais que la ville a beaucoup de potentiel. Wiltz est quand-même beau et traditionnel, ces cambriolages sont juste dommages.”

Och eng Librairie, déi an engem Gebai, dat der Gemeng gehéiert, ënnerbruecht ass, gouf vun den Abriecher net verschount. De Bouf vun der Patrone iwwert déi zousätzlech Sécherheetsmesuren, déi nom Abroch en Place gesat goufen.

Geschäftsmann 1: “Mir hu gesot, mir wëllen datt dat méi sécher ass, datt dat net nach eng Kéier geschitt. Dunn hu se Rillen an eis Fënster gemaach, fir datt déi net méi opgebrach gëtt, do ware se fir eis do. Wéi et lo bei anere Geschäfter ass, weess ech net. D’Kamera hu mer aus eiser eegener Täsch bezuelt.”

An alle Fäll waren d’Gangster virun allem op d’Keess aus, et goufen awer och Kleeder an ee Laptop geklaut. D’Police mengt net, datt eng organiséiert kriminell Band um Wierk ass. Ee Mann, bei deem probéiert gouf anzebriechen an eng Kamera futtigemaach gouf, lueft d’Aarbecht vun der lokaler Police, géing sech allgemeng méi Transparenz wënschen.

Geschäftsmann 2: “Wat mech bei där ganzer Saach bëssi stutzeg mécht oder wou ech mer Froe stellen, dat ass wéi ginn d’Leit informéiert? Dat ass awer eng wichteg Ugeleeënheet, datt d’Leit informéiert ginn, datt eppes war. An wann ee kucke geet, an der Press fënnt een näischt doriwwer.”

Dat kéint vläicht doru leien, datt kee vun den Abréch zu Wolz de Wee an de Pressebulletin vun der Police fonnt huet, wéi dës op Nofro confirméiert. Vun de Gemengeresponsabele wollt sech iwwerdeems keen äusseren, dat huet de Schäfferot dem Buergermeeschter Fränk Arndt no decidéiert.

Back to Top
CIM LOGO