
An der Nuecht op e Freideg gouf an een Haus vun enger 93 Joer aler Fra zu Beetebuerg agebrach. Mat Bijouen hu si sech duerch d'Bascht gemaach.
Dernieft mëllt d'Police zwee staark alkoholiséiert Chaufferen. Zu Esch hat eng Automobilistin esou gläich e puer Autoen geschréipst.
An an der Stad op der Gare war de concernéierten einfach bei Gréng net fortgefuer an esou der Police opgefall.
An ee Blesséierte gouf et e Freideg de Moie géint 10.30 Auer zu Bäreldeng. En Auto an e Motto waren anenee geknuppt.