Soll och mat aneren Abréch a Verbindung stoenAbriecher klëmmt a Camper a gëtt vu Police am Gefier gestallt

RTL Lëtzebuerg
De Mann koum e Samschdeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.

En Donneschdeg de Moien um 03:20 Auer koum et zu Dikrech um Ale Waasser zu engem Abroch an engem Camper. Hei ass e Mann iwwert den Daach an de Camper erakomm. Eng Patrull vun der Police war séier op der Plaz a konnt den Täter nach am Gefier, an dat hien erageklommen ass, stellen.

Am Kader vu weideren Ënnersichunge konnt d'Persoun dann och nach mat weideren Abréch an e Gebai an an en Auto a Verbindung bruecht ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum en Donneschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO