PolicebulletinAbroch a Buttek an der Stroossbuerger Strooss, 4 Permise fort bei Kontrollen

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet 4 Chaufferen de Permis ofgeholl, respektiv e Fuerverbuet ginn, déi ënner Alkoholafloss gefuer sinn an duerch hire Fuerstil opgefall sinn.

Dat war zu Diddeleng, um Briddel, zu Ollem an an der Stad de Fall. 2 vun de Chaufferen hätten doriwwer eraus Fahrerflucht gemaach, nodeems se bei Accidenter Schued verursaacht haten.

An der Nuecht op en Donneschdeg war et een Abroch an ee Buttek an der Stroossbuerger Strooss an der Stad. Den Déif ass duerch d’Fënster erageklomm an huet d’Keess matgeholl. De Mann konnt vun enger Policepatrull festgeholl ginn. De Mann hat um Donneschdeg am Nomëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO