Um DonneschdegAbroch an Akafszenter zu Huldang, Iwwerfall zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg géint 3 Auer moies sinn Onbekannter op der Schmëtt an en Akafszenter agebrach.

En Donneschdeg de Moien huet ee vun de Sécherheetsbeamte no engem Alarm gemierkt, dass eng Fënster vum Akafszenter ageschloe gouf. Op der Plaz ware wuel méi Onbekannter an eng Bijouterie agebrach, hunn eng Vitrinn zerschloen an hu Bijoue geklaut. D'Täter konnte mat de geklauten Objete flüchten.

En Donneschdeg den Owend géint 23.50 koum et zu Diddeleng an de Rue de la Libération dann nach zu engem Iwwerfall. D'Affer war mat sengem Auto ënnerwee an eng Garage, ewéi 2 Onbekannter hien attackéiert hunn, fir spéiden den Auto ze klauen a sech domat duerch d'Bascht ze maachen. Ee vun den Täter hat e Baart, brong Haut a war ongeféier 1,75 Meter grouss. Béid Persoune waren ëm déi 20 Joer al an haten Jeansjacketten un. Den Auto, dee geklaut gouf, ass wäisse Mercedes GLA 200 D (black Edition) mat der Lëtzebuerger Plack 58688.

Back to Top
CIM LOGO