
Wéi d’Alarmanlag ugaangen ass, ass den Täter a Richtung vun engem Bësch an der Allée Saint Hubert geflücht. Trotz dem Asaz vu Police-Hënn an dem Police-Helikopter konnt de Verdächtegen net fonnt ginn.
Persounen, déi eng verdächteg Persoun, e verdächtege Won oder soss eppes Verdächteges am Raum Briddel gesinn hunn, solle sech bei der Police vu Capellen mellen, ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder per E-Mail police.capellensteinfort@police.etat.lu.