
En Automobilist, deen e Samschdeg den Owend géint 20 fir 6 tëscht Iechternach a Lauterbuer e puer Meter laanscht d’Leitplanken gerannt an duerno am Gruef gelant war, krut op der Plaz de Führerschäin ofgeholl. Hien hat ze vill gedronk. De Mann koum liicht blesséiert fir eng Kontroll an d’Spidol.
Zu Fréiseng ass e Samschdeg agebrach ginn. Onbekannter waren um Sonndeg am spéide Moien duerch eng gekippten Balconsdier erakomm an haten an der Wunneng no Wäertsaache gewullt. Och zu Stroossen a Rëmeleng goufen Abréch am Laf vum Dag gemellt.