Fiels - AngelsbiergAccident mat 2 Blesséierten um Méindeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Zwee Blesséierter gouf et e Méindeg am spéiden Nomëtteg géint 16.50 Auer an engem Accident tëscht der Fiels an Aangelsbierg.

En Auto an ee Camion waren anenee gerannt. Dat mellt um Dënschdeg de Moien den 112. D'Ambulanze vun Iechternach an der Fiels waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter aus der Fiels.

Géint 22 Auer hat et op engem Balcon an der Rue de Differdange zu Zolwer gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng a vun Esch, grad ewéi d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO