
Duerch den Accident géint 15 Auer op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz op der Héicht vun der Hesperbréck gouf ee kilometerlaange Réckstau ausgeléist, dee vun de Chaufferen op der Streck vill Gedold gefuerdert huet. Bei der Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf eng Persoun blesséiert, eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.
Och um CR306 tëscht Viichten a Biissen sinn en Donneschdeg am fréien Nomëtteg zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert an eng Ambulanz vu Lëntgen huet sech ëm si gekëmmert.