
Wéi d’Police mellt, ass e Mëttwoch de Moie géint 10.50 Auer op der A6 a Richtung Belsch e gréisseren Accident geschitt. E Camion an eng Camionnette hu sech hei tëscht Mamer/Capellen a Stengefort ze pake kritt, d’Camionnette ass duerch den Accident säitlech op der kalifornescher Mauer un d’Hale komm.
Wéi et sur Place heescht, soll de Chauffeur vun der Camionnette ageklemmt gewiescht sinn an huet missten vun der Rettungsekippen befreit ginn. De Rettungshelikopter vun der Air Rescue war och op der Plaz. 2 Persoune goufen am Ganze blesséiert. Wéi d’Police eis engem Reporter op der Plaz matgedeelt huet, ass eng Persoun schwéier blesséiert. Dës Persoun gouf sur place behandelt a koum dono fir weider Traitementer an d’Spidol.

D’Autobunn selwer ass a Richtung Belsch tëscht Mamer/Capellen a Stengefort komplett gespaart, dat op onbestëmmten Zäit esou d’Police. Mir krute sur place confirméiert, dass d’Autobunn fir eng Partie Stonnen dierft gespaart sinn. Deviatioune sinn op der Plaz gezeechent, et heescht awer, d’Plaz sou gutt et geet z’evitéieren.
Wéi et heescht, gouf d’A6 och kuerzzäiteg a Richtung Stad gespaart, dat op der selwechter Héicht, wéi a Richtung Belsch. Ëm déi Zäit ass och e weideren Helikopter vun der Air Rescue gelant. Um kuerz virun 13 Auer, gouf d’Streck Richtung Stad nees opgemaach.
Mëttlerweil gouf och de Miess- an Erkennungsdéngscht säitens dem Parquet mam Virfall beoptraagt.