Wéi de CGDIS bestätegt, gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren de Samu, grad ewéi d'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad.
Duerch deen Accident ass et op där Plaz am Moiestrafic zu Perturbatioune komm. Géint 9.20 Auer war den Accident geraumt an de Stau huet sech opgeléist.

En Accident gouf et kuerz virun 9 Auer tëscht Grass a Klengbetten. Hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Stengefort an d'Ambulanz vu Mamer.