Kuer no 4 Auer gouf et en Accident zu Eech an der Beggener Strooss. En Auto ass hei an e puer geparkt Gefierer gerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D'Stater Secouriste waren am Asaz.
Um 6 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi sech op der Aire de Wasserbillig zwee Autoen ze pake kruten. D'Pompjeeën an d'Secouriste vu Mäertert waren hei am Asaz.
Géint 8:15 Auer dann e Feier am "Neie Wee" zu Schieren. Den Daach vun engem Haus, un deem geschafft gëtt, hat gebrannt. D'Strooss war wärend de Läschaarbechte gespaart, Blesséierter gouf et keng.