
De franséische Grupp Lactalis huet en Donneschdeg den Owend, per Schreiwes vun enger Kommunikatiounsagence, offiziell dat confirméiert, wat mer Iech gemellt haten. D'Decisioun, fir vum anere Joer u keng Lëtzebuerger Mëllech méi bei der EKABE ze verschaffen, wier virum Hannergrond vu strukturelle Changementer um internationale Mëllechmaart ze gesinn.
Déi "industriell, logistesch a kommerziell Aktivitéiten" vum Produktiounssite zu Eescheler wier awer net a Fro gestallt. D'EKABE gehéiert zanter 1989 zu der franséischer Multinationale. Eng 68 Produzenten hu bis elo hir Mëllech op Eescheler geliwwert, wou se dann agedéchst gëtt fir weider verschafft ze ginn zu Ram, Kéis an aner Produiten. Domadder soll also vum 1. Abrëll u Schluss sinn.
Lactalis engagéiert sech am Schreiwes, dat RTL op Nofro hi krut, bis den Oflaf vum aktuelle Kontrakt Enn Mäerz d'nächst Joer weiderhin am Dialog mat de Produzenten ze stoen an zesummen ze kucken, wéi een hir Aktivitéite weiderféiere kéint.
D'Informatioun en Donneschdeg de Moien am Comité bei der EKABE war fir de ganze Secteur eng kal Dusch. Nieft de concernéierte Produzente sinn och de President vun der Landwirtschaftskummer Christian Hahn an d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen kal erwëscht ginn. D'Vertrieder vun der EKABE/Lactalis haten en Donneschdeg de Mëtteg eng Entrevue mat der CSV-Ministesch. Ëm wat et goe géif, ass d'Martine Hansen awer réischt deen Ament selwer gewuer ginn.
Um RTL-Mikro huet d'Ressortministesch déi aktuell Entwécklung "dramatesch" genannt. Dramatesch fir déi betraffe Mëllechbaueren, déi investéiert hunn. Et hätt ee lo 56 Millioune Liter, wou een net wéisst, wouhin domadder. Positiv fënnt d'Ministesch, datt d'EKABE sech bereet gewisen hätt, fir de Kontrakt eventuell zu engem spéideren Datum auslafen ze loossen. De Ministère géif op alle Fall do hëllefen, wou e kann. Sou direkt kéint een awer net ganz vill ënnerhuelen.
De President vun der Landwirtschaftskummer Christian Hahn erkläert, datt d'Liwwerquantitéite vun den EKABE-Baueren 10 bis 15 Prozent vun der järlecher Mëllechproduktioun hei am Land ausmaachen. Dat wier einfach ze vill, fir datt d'Mëllech einfach sou vun der Luxlait zum Beispill geschléckt kéint ginn.
D'Landwirtschaftskummer wëll de concernéierte Bauere bäistoen a kucken, wat méiglech Piste wieren. Datt et lo méi bëlleg gëtt, fir Mëllech aus Frankräich zu Eescheler weider ze verschaffen, amplaz déi lokal Mëllech ze benotzen, kann de Christian Hahn net wierklech gleewen.
Eng lokal Produktioun vun de kuerze Weeër gesäit op alle Fall anescht aus. Respektiv stellen d'Leit, déi sech bewosst fir lokal Lëtzebuerger Produiten decidéieren, sech definitiv eppes aneres drënner fir. De Christian Hahn gëtt dann och ze bedenken, datt duerch sou Decisiounen de Risiko besteet, datt de Lëtzebuerger Client dann och manner EKABE kafe wëll.
D'Ministesch empfänkt déi betraffe Baueren e Méindeg. Deen Dag ass och owes eng Krisereunioun hannert zouenen Dieren zu Jonglënster, wou de Point soll gemaach ginn.