Lëtzebuerger Ausseministère schwätzt vu geféierlecher EskalatiounRussesch Dron schléit a Rumänien an en Appartement an

AFP, iwwersat vun RTL
Zwou Persoune goufe beim Tëschefall blesséiert. International gëtt et ferm Kritik u Russland.
Rumänien: Zwee Blesséierter bei Aschlag vu russescher Dron an en Appartement
De Lëtzebuerger Ausseministère schwätzt vun enger geféierlecher an onverantwortlecher Eskalatioun.

An der rumänescher Stad Galati ass géint 1 Auer e Freidegmoien eng russesch Dron an eng Residence ageschloen an do explodéiert. Zwou Persoune goufe liicht blesséiert. Rumänien ass jo esouwuel Member vun der EU, ewéi och vun der NATO.

De Verdeedegungsministère zu Bukarest schwätzt vun enger dynamescher Situatioun. Et wieren zwee F16-Kampfjette gestart, fir de Loftraum nom Tëschefall ze kontrolléieren.

Russland huet an der Nuecht op e Freideg de Süd-Weste vun der Ukrain nees mat Dronen a Rakéiten ugegraff. Op rumänescher Säit geet een dovun aus, dass eng vun dësen Drone vun hirem geplangten Trajet ofkomm ass.

Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain ass et schonn Dosende Mol passéiert, dass russesch Dronen an de rumänesche Loftraum agedronge sinn. Et ass bis e Freideg awer nach net virkomm, dass eng dovun an engem Wunngebai ageschloen ass. E Freideg heescht et an deem Kontext vum rumäneschen Ausseministère, dass den Tëschefall eng seriö an onverantwortlech Eskalatioun säitens Russland géing duerstellen. Et hätt een den NATO-Generalsekretär informéiert a gefrot, dass den Transfert vun Anti-Drone-Systemer a Richtung Rumänien méi séier géif passéieren.

Iwwerdeems huet de rumäneschen Ausseministère e Freidegmoien de russeschen Ambassadeur convoquéiert an de President Nicusor Dan huet den nationale Verdeedegungsrot aberuff.

Reaktioun vum Lëtzebuerger Premier a vum Ausseministère

Och vun aneren NATO-Membere gouf et nom Tëschefall zolidd Kritik u Russland. Ënner anerem Frankräich an den amerikaneschen NATO-Ambassadeur schwätze vun engem irresponsabelen Akt respektiv engem irresponsabelen Andréngen an de rumänesche Loftraum.

Änlech Téin kommen e Freidegmoien och aus dem Lëtzebuerger Ausseministère, deen op de Soziale Medie vun enger geféierlecher an onverantwortlecher Eskalatioun schwätzt.

Den Ausseministère erënnert och drun, dass den Ament Lëtzebuerger Zaldoten a Rumänien stationéiert sinn. Et géing ee weider zesumme mat den Alliéierten dru schaffen, déi eege Sécherheet ze stäerken. Et misst een den Drock op Russland weider erhéijen, fir dass den Aggressiounskrich géint d'Ukrain op en Enn kéim.

De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet dann och reagéiert a garantéiert Rumänien "voll Solidaritéit" am Zesummenhang mat de verantwortungslosen Attacke vu Russland. Et géif een verurteelen, dass Russland säin Ugrëffskrich géint d'Ukrain weiderféiert, grad ewéi och all Attacken op zivil Ziler.

Back to Top
CIM LOGO