Uni LëtzebuergAn der Diskussioun ëm e Master am Lëtzebuerger Droit hunn d'Studente sech zu Wuert gemellt

Fanny Kinsch
Am Mäerz hat den Droitsprofesser op der Uni Lëtzebuerg Luc Heuschling op RTL gesot, et wier 3 Joer laang un esou engem Master geschafft ginn, iert déi mëttlerweil demissionär Doyenne de Projet vun engem Dag op deen anere refuséiert hätt.
© Fanny Kinsch

D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Droitsstudente reagéiert elo op dës Aussoen. An hiren Ae wier e Master am Lëtzebuerger Droit immens wichteg.

D'Lëtzebuerger Droitsstudente schwätze vun enger "dréngender an onverzichtbarer Noutwennegkeet". Aktuell wier et fir d'Studente schwéier, sech fir d'Uni Lëtzebuerg z'entscheeden, well et kee komplette Parcours am Lëtzebuerger Droit géing ginn, erkläert de Vizepresident vun der Aneld Maximilien Glaesener. Et wier mëttlerweil och méi schwéier, am Ausland an de Master eranzekommen, besonnesch zu Paräis a Stroossbuerg.

"A Frankräich ass et esou, dass Dir säit der Aféierung vun deem System, deem nationale System Parcoursup, musst kandidéiere fir d'Unien. An et ass warscheinlech, mir kënnen dat net mat honnertprozenteger Sécherheet soen, einfach déi verschidden Unie sech e bësse renferméieren, dass et méi selektiv gëtt, och méi schwéier fir d'Auslänner, eebe fir d'Lëtzebuerger."

Et géingen och Leit ginn, déi net kéinten oder wéilten an d'Ausland studéiere goen, esou de Maximilien Glaesener.

"Et ass och esou, dass déi auslännesch Droite sech ëmmer weider entwéckelen, wéi och de Lëtzebuerger Droit. Dat heescht, wa se d'selwecht bleiwen an hire Fundamenter, ännere se se sech awer. An da kënnt dobäi - zu Lëtzebuerg gi vill Leit gesicht, vill Juristen, souwuel am private wéi am ëffentleche Secteur. Ech denken do notamment, denkt d'Aneld do un d'Magistratur, déi ganz vill rekrutéiert a leschter Zäit an déi och ganz vill spezialiséiert Juriste sicht an do ass einfach d'Lacunne vun engem Lëtzebuerger Droit, deen do enseignéiert ka ginn."

D'Aneld huet deemno mat Interessi suivéiert, dass et schonn e Projet fir esou e Master gouf. Vun de rezente Problemer op der Uni géingen d'Studenten net vill matkréien.

"Also mir kréien dat manner mat. Dat ass éischter eppes, wat een dann eebe vill an der Press liest, wat ee vill an den Noriichte gesäit. Eis Memberen éischter, déi concernéiert et méi, einfach, dass si wëllen hiren Droit maachen." Esouwäit de Maximilien Glaesener, Vizepresident vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Droitsstudenten.

Back to Top
CIM LOGO