No Groussbrand virun zwou Wochen am däitschen BollendorfWarnung virun Asbest-Risiko veronséchert

Michèle Sinner
Jeannot Ries
Zwou Wochen no engem Groussbrand zu Bollendorf op der däitscher Säit vun der Sauer warnt den Eifelkreis Bitburg-Prüm, et kéint eng Belaaschtung mat Asbest ginn.
© Jeannot Ries

Eng Warnung, déi haaptsächlech fir Onsécherheet suergt.

Warnung virun Asbest-Risiko veronséchert
Zwou Wochen no engem Groussbrand zu Bollendorf op der däitscher Säit vun der Sauer warnt den Eifelkreis Bitburg-Prüm, et kéint eng Belaaschtung mat Asbest ginn.

Et kéint net ausgeschloss ginn, datt et an der Géigend vun der Brandstell zu enger Belaaschtung mat Asbest komm wier, heescht an der Matdeelung vum Eifelkreis. Déi Nouvelle huet séier den Tour gemaach, seet de Michael Stock.

"Das ging hier rum, wie ein Lauffeuer. Als das noch gebrannt hat, habe ich direkt Bescheid bekommen und bin hierhergefahren, Mittwoch vor zwei Wochen bin bis abends um zehn hier stehen geblieben. Das war ein Feuerwehreinsatz, den hat es in der Eifel no nie so gegeben. So viel Blaulicht habe ich in meinem ganzen Leben noch nicht gesehen."

Hie verlount nieft de verbrannten Hale Container fir Stockage. Zanter dem Feier komme seng Locatairen net un hir Saachen.

"Ich habe immer noch keine Informationen, wann das Grundstück hir freigegeben wird. Es ist immer noch zugeschlossen."

Den Halekomplex war 7.000 Metercarré grouss, wéi den Ortsbürgermeister vun Bollendorf, Robert Steimetz, seet.

“Déi komplett mat Eternit gedeckt waren. Deen ass mat verbrannt an huet wuel déi Asbestfaser fräigesat.”

Déi ass geféierlech, wann ee se anotemt. Dowéinst koum elo d’Warnung, d’Leit sollen de Stëbs baussen net dréche kieren, se sollen net méien a wa se am Gaart schaffen, de Buedem als éischt fiicht maachen. D’Schong vun do bausse soll ee bannen ausdoen, fir de Stëbs net mat eran ze schleefen. D’Hausdéiere soll ee mat enger fiichter Lomp ofwëschen, wa se bausse waren. D’Geméis an d’Uebst aus dem Gaart soll ee gutt wäschen. Mam Auto soll een duerch d’Waschanlag. An esou weider, alles Mesuren, fir datt d’Asbestfaseren net obgewirbelt ginn a sech verdeelen – wann der dann do sinn.

Mee datt déi Warnung elo kënnt, seet de Robert Steimetz,

"Dat ass deem engem oder aneren och e bësse spéit.”

An him?

“Ech weess, wéi déi Behördegäng ginn an Däitschland a wann déi Zoustännegkeet mol bis festläit, da mussen déi och nach kucken, datt se déi entspriechend Spezialbüroen hei kréien. Déi sinn net hei an der Géigend. Dat dauert dann och alles seng Zäit. Déi waarden och net drop, vun hinnen en Optrag ze kréien. Mee menger Usiicht no hätt alles e bësse méi séier kënne goen.”

Ob ee Risiko besteet, ass also nach net kloer etabléiert. Wat de Robert Steimetz besonnesch irritéiert ass, datt an der Warnung net gesot gëtt, fir wat fir eng Dierfer, op wéi ee Perimeter se sech bezitt. Mee den Dag vum Feier huet de Wand den Damp vu Bollendorf ewech an de Bësch gedroen, seet hien. Och op der Lëtzebuerger Säit huet een dowéinst vum Feier näischt matkritt, wéi der Buergermeeschter vu Bäerdref, Joé Nilles, zielt. Mee och hie wonnert sech iwwert den Timing vun der däitscher Warnung:

“Et ass elo e bëssen erstaunlech, datt dat no zwou Woche kënnt. Dofir denken ech, datt d’Leit sech dann awer erëm Gedanke maachen. An da froe se sech, firwat huet dann déi Lëtzebuerger Säit eis näischt gesot oder d’Gemeng eis näischt matgedeelt. Mee ganz einfach: Well mir net involvéiert waren an och net vun enger anerer Autoritéit vun engem Ministère kontaktéiert goufen, och net vum CGDIS, well ech einfach dovun ausginn, datt guer keng Gefor op eiser Säit ass.”

Op RTL-Nofro konnt d’Ëmweltverwaltung bis Redaktiounsschluss keng Informatioune liwweren. Op däitscher Säit géifen nach Miessunge gemaach, seet de Robert Steimetz. An et wiere wuel weider Moossname geplangt.

“No mengem Kenntnisstand sollt iergendeppes opbruecht ginn, e Bindemittel, wat dann och de Risiko weider miniméiert, datt nach eppes an d’Ëmwelt kënnt.”

Am Waasser, hunn d’Experten him gesot, géifen d’Fasere kee Risiko duerstellen, sou datt da keng Gefor fir d’Sauer dierft bestoen.

Back to Top
CIM LOGO