Täter sinn op engem Moto fortgefuerZu Ettelbréck krut eng Persoun den Handy aus dem Grapp gerappt

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Iwwerfall zu Ettelbréck mellt d'Police nach zwee Abréch zu Bartreng respektiv Elweng.
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Freideg krut d'Police en Iwwerfall op engem Parking zu Ettelbréck gemellt. Den éischten Informatiounen no hätt d'Affer bei oppene Fënsteren a sengem Auto gesat, wéi zwou Persounen op engem Moto ugefuer koumen. Dës hätten him den Handy aus dem Grapp gerappt an eng Posch vu sengem Schouss geklaut a wieren duerno geflücht. Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Iwwerdeems mellt d'Police zwee Abréch vun en Donneschdeg respektiv e Freideg:

En Donneschdegnomëtteg ass zu Bartreng an der Rue de Dippach an en Haus agebrach ginn. Den éischten Informatiounen no hunn d'Täter hei eng Fënsterdier ausgehiewelt, fir sech Zougang ze verschafen an e puer Raim op der Sich no Wäertgéigestänn ze duerchsichen.

Um fréie Freidegmoien krut d'Police dann en Abroch an en Haus an der Rue du Bois zu Elweng gemellt. Éischten Informatiounen no hunn d'Täter hei eng Terrassendier opgebrach, fir eranzekommen. Et goufen ënner anerem Auere geklaut.

A béide Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO